Gréiwels/HierheckAuto a Gruef gelant, 1 Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS zwee Accidenter an zwee Bränn uechter d'Land.
© CGDIS

Géint 2.45 Auer e Sonndeg de Moien ass eng Persoun mat hirem Gefier op der Martelerstrooss tëscht Gréiwels an der Hierheck an engem Gruef gelant. De Bilan ass ee Blesséierten.

Zu Leideleng gouf et an der Rue de la Gare en Accident mat engem Gefier. Eng Persoun gouf hei liicht blesséiert.

Doriwwer eraus huet et op zwou Plazen am Land gebrannt. An zwar zu Diddeleng an der Rue des Miniers, wou e Bam a Flame stoung, an zu Gasperech, wou op engem Balcon e Feier ausgebrach war. A béide Fäll ass kee blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO