
Den Déif hat dobäi déi hënnescht Fënster vum Auto ageschloen an Kreditkaarten a Boergeld aus dem Won matgoe gelooss. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt de presuméierten Täter duerch eng Beschreiwung relativ séier identifizéiert a gestallt ginn. D’Wäertgéigestänn goufe bei der Kontroll fonnt, genee esou wéi d’Geschier, mat deem den Auto opgemaach gi war.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Hie gëtt nach e Méindeg virun den Untersuchungsriichter bruecht.
E Sonndeg huet d’Police zwee Permisen agezunn, well d’Chaufferen ze déif an d’Glas gekuckt hunn. A Clausen gouf et iwwerdeems een Iwwerfall.
Géint 19.45 Auer gouf der Police eng Automobilistin gemellt, déi op der A7 mat hirem Gefier géint d’Leitplanken an eng Mauer gerannt, an dono weidergefuer ass. Eng Policepatrull huet d’Fra an dat beschiedegt Gefier e bëssi méi spéit op enger Tankstell fonnt. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
An der Avenue de Luxembourg zu Uewerkäerjeng ass ee Chauffeur enger Patrull duerch säin onséchere Fuerstil opgefall. Wéi si de Mann kontrolléiert hunn, sinn de Beamten Unzeeche vun Alkoholkonsum opgefall. Well d’Resultat vum Alkoholtest positiv war, ass de Permis fort an den Auto gouf confisquéiert.
Géint 19.15 Auer sinn zwou Persounen zu Clausen vun dräi Täter iwwerfall ginn. D’Affer goufen no Boergeld gefrot, wéi si Nee gesot hunn, goufe si attackéiert an op de Buedem gestouss. Hinne goufe verschidde Wäertgéigestänn, dorënner zwee Handyen a Boergeld, geklaut. Eng Sich no den Täter blouf ouni Resultat. Eng Enquête gouf ageleet.