Accident op der A7Auto geet op d'Kopp, 1 Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Op der A7 Héicht Miersch koum et e Sonndeg de Mëtteg zu engem Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

Een Automobilist hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass iwwert d'Leitplanke gaangen. Eng Persoun am Auto gouf blesséiert.

Op der Plaz waren de CIS vu Miersch a vu Biissen, d'Ambulanz vu Lëntgen, de Samu vun Ettelbréck an d'Police.

En Accident mat engem Blesséierte gouf et e Sonndeg den Owend géint 21.20 Auer tëscht der Lëpschter Dällt an dem Fridhaff. Een Automobilist war mat sengem Gefier an de Gruef gerannt.

Zu Déifferdeng an der Rue Adolphe Krieps stoung um Méindeg de Moie géint 4.30 Auer ee Busarrêt a Flamen. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng. Soss Detailer ginn et keng.

Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg de Mëtteg géint 12.15 Auer zu engem méi uergen Motorradsaccident zu Beetebuerg an der Léiwenger Strooss. An enger Kéier hat eng Automobilistin e Moto, deen entgéint koum, ze pake kritt. De Motocyclist ass gefall a gouf schro um Been blesséiert. Hie gouf nach op der Plaz versuergt.

An der Stroossbuerger Strooss an der Stad gouf e Sonndeg tëscht 19 an 21.15 Auer e schwaarze Range Rover mat de Lëtzebuerger Placken JR8737 geklaut, deen do laanscht d'Strooss geparkt war.

An der Nuecht op e Méindeg huet d'Police op der Escher A4 en Automobilist ugehalen, deen am Zickzack an Direktioun Esch ënnerwee war. Hien hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO