Uechtert d'LandAuto géint Bam, eng Persoun ugestouss an eng frontal Kollisioun

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war nees vill lass op eise Stroossen: De CGDIS mellt 5 Blesséierter bei 4 Accidenter op eise Stroossen.
CGDIS
CGDIS
© RTL Archiv

Um CR103a tëscht Nouspelt an Ollem gouf en Automobilist blesséiert, wéi dëse mat sengem Gefier e Bam ze pake krut. De Samu aus der Stad, grad ewéi d’Pompjeeë vu Kielen an d’Ambulanz vu Stengefort waren op der Plaz am Asaz.

Zu Zolwer an der Rue Dickskopp gouf e Foussgänger géint 18.30 Auer ugestouss a blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Suessem/Déifferdeng.

D’Pompjeeën an d’Secouriste vu Suessem/Déifferdeng waren da géint 22.30 Auer nach eng Kéier gefuerdert. Zu Éilereng an der Rue d’Esch hat et géint 22.30 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Bei der Frontalkollisioun gouf eng Persoun blesséiert.

Zwee Blesséierter gouf et bei engem Accident um CR311a tëscht Wolwen a Pärel, bei deem e Moto an en Auto verwéckelt waren. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Ell a Rammerech, grad ewéi de Samu vun Ettelbréck an d’Ambulanze vu Réiden a Rammerech.

Back to Top
CIM LOGO