CGDISAuto géint Bam op der Streck Lauterbuer - Méchelshaff

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie kuerz no 6 Auer ass op der N11 vu Lauterbuer a Richtung Méchelshaff en Automobilist vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
© CGDIS

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. Am Asaz waren de Samu, d’Pompjeeë vu Konsdref an Iechternach, grad ewéi 2 Ambulanze vun Iechternach.

Och géint 6.15 Auer ass tëscht Jonglënster a Roudemer en Auto am Gruef gelant. D’Rettungsservicer vu Jonglënster waren am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO