
Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi en Auto e Bam ze pake krut. Op der Plaz waren de Samu vun Ettelbréck, d’Ambulanciere zu Réiden an d’Pompjeeë vu Réiden an Useldeng.
Iwwerdeems ass géint 20.40 Auer e Samschdegowend en Auto op der RN10 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert an de Gruef geroden. D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Mäertert hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Ee weidere Blesséierte gouf et da bei engem Accident um 6.05 Auer um Sonndegmoien. Op der Bretelle vun der A3 eriwwer op d’A13 an Direktioun Péiteng hat en Auto d’Leitplank ze pake kritt. Op der Plaz waren d’Secouriste vun Diddeleng an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg.