
En Auto an eng Camionnette koumen do net laanschteneen. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Jonglënster, de Samu an de Rettungshelikopter.
D'Streck ass kuerz virun 11 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

Um 8 Auer koum et zu Housen op der Haaptstrooss zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Housen.