
An der Weilerbaach an der Dikrecher Strooss gouf donieft en Dënschdeg géint 21.15 Auer e Mann op engem Busarrêt iwwerfall. Hie gouf vun 2 Onbekannte menacéiert a krut säi Portmonni geklaut.
Täterbeschreiwung:
Gesicht ginn 2 jonk Männer, ee vun hinnen hat eng Joggingsbox vun der Mark Adidas un. Geschwat huet ee vun den Déiwe Lëtzebuergesch, deen aneren Däitsch.