CGDISAuto huet sech tëscht Dippech a Mamer iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Auto, dee sech e Sonndeg kuerz virun 18 Auer tëscht Dippech a Mamer iwwerschloen huet. Dobäi gouf et ee Blesséierten.
© CGDIS

Kuerz virdrun war tëscht dem Mëllerdall an der Konsdrëffer Millen en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Fiels gerannt. Dobäi goufen zwou Persounen am Won verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et nach um Méindeg géint 1.30 Auer, wéi en Auto am Tunnel Konen, ënnert dem Helleg-Geescht-Plateau verongléckt ass. Wéi d’Police mellt, ass de schëllege Chauffer nom Accident fortgefuer an huet e sëllege Karosseriedeeler am Tunnel hannerlooss. E konnt spéider vun der Police gestoppt ginn, woubäi festgestallt gouf, dass en ënner Alkoholafloss stoung. De Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.

Géint 10.30 Auer e Méindeg huet et zu Siren an der Rue de Hassel gerabbelt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz viru 17 Auer e Méindeg goufen zwou Persoune bei enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer zu Ollem um Boulevard Robert Schuman blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Kielen.

Back to Top
CIM LOGO