
Zu Monnerech ass an der Rue Neuve géint 17.42 Auer en Auto an eng Mauer gerannt. Dobäi goufen 3 Persoune blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanze vun Esch, Suessem-Déifferdeng, Péiteng an d’Pompjeeë vu Monnerech.
Ëm déi nämmlecht Zäit sinn zu Diddeleng an der Zone industrielle Wolser zwou industriell Maschinnen anenee geknuppt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. De Samu souwéi d’Ambulanze vun Esch an aus der Stad an d’Pompjeeë vun Diddeleng waren op der Plaz.
Um CR101 tëscht Stuppecht a Weyer ass géint 19.46 Auer e Motocyclist gefall an dobäi blesséiert ginn. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Jonglënster souwéi d’Pompjeeë vu Fëschbech waren am Asaz.
Géint 20.20 Auer ass op der RN27 tëscht Ënsber an Ueschdref een Auto accidentéiert. Och hei mellt de CGDIS eng blesséiert Persoun. Op der Plaz am Asaz war de Samu, d’Ambulanz vu Rammerech an d’Pompjeeën Alebësch.
Um Samschdeg géint 6.30 Auer ass op der A3 op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem en Auto an e Bus gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun der Ambulanz an de Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper versuergt ginn.