Reisduerf/Wallenduerf-BréckAuto kritt Bam ze paken a fänkt Feier

RTL Lëtzebuerg
Op der Nationalstrooss ass en Dënschdeg den Owend géint 17.20 Auer e Gefier bei engem Iwwerhuelmanöver vun der Strooss ofkomm a géint e Bam gerannt.
© Samu / Domingos Oliveira

Doropshin ass de Won op e Feld geschleidert ginn, wou e Feier gefaangen huet. Eng Persoun gouf blesséiert. De Samu war op der Plaz, grad wéi d’Pompjeeë vun Iechternach a Reisduerf.

Géint 7.30 Auer e Mëttwoch de Moien ass um Belair e Foussgänger ugestouss ginn.

Back to Top
CIM LOGO