
Zu Altwis an der Huelgas ass e Samschdeg den Owend e Cyclist gestierzt a gouf dobäi verwonnt.
An der Nuecht op e Sonndeg ass en Automobilist um Briddel an der Lëtzebuerger Strooss mat sengem Gefier géint e Luuchtepotto gerannt. Och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.
Géint 1.20 Auer huet zu Iechternach eng Hal gebrannt. D’Detailer si keng bekannt. Et blouf beim Materialschued.