
Den Auto war schlecht virun enger Afaart geparkt. Nodeems d’Police e puer Mol géint d’Fënster geklappt huet, koum vum Chauffer keng Reaktioun, deen déif um Schlofe war. Wéi se hien dunn dach erwächt kruten, war séier kloer, dass d’Persoun gedronk hat. Och den Test huet dëst confirméiert. De Permis gouf agezunn an et gouf e Fuerverbuet ausgestallt.
Da war der Police ëm déi selwecht Zäit dann e weidere Chauffer opgefall, deen an der Rue Saint Zithe an der Stad an déi entgéintgesate Richtung ënnerwee war. Wéi d’Police déi blo Luuchten ugemaach huet, ass de Mann, och an der entgéintgesater Richtung an d’Rue Glesener eragefuer an huet den Auto säitlech geparkt. Och hei war den Test positiv an de Permis fort.
Zu Diddeleng gouf dann nach e Mann géint 23.15 Auer e Freideg den Owend attackéiert, dat vun 3 Persounen. Him gouf Geld geklaut.
Wärend dem Dag an an der Nuecht goufen et dann nach Abréch an Haiser, dat zu Schieren, Helperknapp, am Neiduerf an direkt e puer Mol zu Fréiseng.