Zanter 2018 ass den 112-baséierten eCall bei neien Autoen an der EU obligatoresch. Fir Motorrieder gëllt dës Obligatioun net.
Wéi wichteg e séiert Alarméiere ka sinn, hat sech d'lescht Woch bei engem Motorradsaccident direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz an Däitschland gewisen. De Motocyclist gouf eréischt 19 Stonnen nom Accident fonnt.
Beim eCall erkennt d'Technik am Auto en Accident a alertéiert automatesch den 112. An der Noutruffzentral ginn dobäi direkt d’Informatiounen iwwer d'Gefier affichéiert, ënner anerem d'Mark an de Modell an d'Positioun vum Gefier. Och Informatiounen iwwer d'Zuel vun de Passagéier kënnen iwwermëttelt ginn. D'Plaz vum Accident gëtt direkt op enger Kaart ugewisen.
Nieft dem automateschen Alarm kann den Call och manuell ausgeléist ginn. Dofir gëtt et an den Autoen en SOS-Knäppchen, iwwer deen de Chauffer direkt Kontakt mam 112 ophuele kann.
D'Zuel vun den automateschen eCalls, déi an der Lëtzebuerger Noutruffzentral ukommen, ass an de leschte Jore geklommen. 2023 waren et ronn 2.000, 2025 goufen der ronn 3.500 gezielt. Dat entsprécht enger Hausse vu 75 Prozent bannent zwee Joer.
Automatesch Noutriff ginn awer net méi just vun Autoen ausgeléist. Och verschidde Smartphonen, Smartwatches oder Navigatiounsapparater kënnen eng Chute oder e staarke Schock erkennen an duerno Hëllef ruffen. Esou Funktioune kënnen domat zum Beispill och fir Motocyclisten oder Vëlosfuerer interessant sinn, bei deenen den eCall aus dem Auto net disponibel ass.
D'Technik huet awer och Nodeeler. Net all automateschen Alarm ass tatsächlech d'Folleg vun engem Accident. Dat ka geschéien, wann d’Smartwatch op de Buedem fält oder de Vëlo ëmkippt. Beim klengsten Zweiwel mussen d'Rettungsdéngschter kontrolléieren, ob Hëllef gebraucht gëtt oder ob et sech ëm e Feelalarm handelt. An der Noutruffzentral goufen et schonn Asätz, bei deenen nëmmen e Smartphone, eng Smartwatch oder en Navigatiounsapparat en Accident gemellt hat, ouni datt eng Persoun selwer Kontakt mam 112 opgeholl hat.