Glat StroossenAuto tëscht Grolënster a Jonglënster iwwerschloen an am Gruef gelant

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie koum et géint 7 Auer zu engem Accident op der N11, well d'Stroossen nawell glat a schmiereg waren.
© Domingos Oliveira / RTL

En Auto hat sech op der Streck tëscht Grolënster a Jonglënster iwwerschloen an ass am Gruef gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 9.15 Auer krute sech en Auto an e Camion op der Areler Autobunn op der Héicht vun der Aire de Capellen ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Weider mellt de CGDIS nach en Tëschefall um 22.11 Auer e Sonndeg den Owend um CR173 zu Sandweiler an Direktioun Conter. Do krut e Gefier e Panneau ze paken . Et ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO