Tëscht Fluessweiler an UewerdonwenAuto um CR142 iwwerschloen an am Feld gelant

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie koum et eppes virun 9 Auer zu engem Accident tëscht Fluessweiler an Uewerdonwen.
© Domingos Oliveira / RTL

De CGDIS mellt, dass zwee Gefierer an d’Accident verwéckelt waren. Op der Héicht vu Buchholz ass e Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm, huet de Gruef ze pake kritt a sech duerno e puer Mol iwwerschloen.

Eng Persoun ass beim Accident verwonnt ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO