Den Accident war géint 6 Auer.
D'Autobunn Richtung Lëtzebuerg huet komplett musse gespaart ginn. D'Deviatioun gouf duerch Arel geleet, wat och an Arel fir gréisser Problemer gesuergt huet.
Well eng Flëssegkeet aus engem vun de Camione gelaf ass, gouf eng "cellule chimique" op d'Plaz geschéckt, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.
Géint 11.40 Auer gouf 1 Spuer nees fir den Trafic opgemaach a géint 12.45 Auer war d'Streck nees komplett op an de Stau huet sech opgeléist.
