Place de la ConstitutionAutoe verschwannen, Gëlle Fra bleift

Monica Camposeo
Marc Hoscheid
Parken nieft der Gëlle Fra war ëmmer mat vill Chance verbonnen. Glécklech konnt sech dee schätzen, deen do eng krut.
Place de la Constitution - Autoe verschwannen, Gëlle Fra bleift
Parken nieft der Gëlle Fra war ëmmer mat vill Chance verbonnen. Glécklech konnt sech dee schätzen, deen do eng krut.

Dat ass elo eriwwer, aktuell dierfen op der Place de la Constitution just Taxien halen. Wéi geet et weider, wat kënnt op déi historesch Plaz? Dat huet d’Monica Camposeo nogefrot.

Place de la Constitution - Autoe verschwannen, Gëlle Fra bleift

Et war wuel déi zentraalste Bausse-Parkplaz an der Uewerstad. D’Touristebusser konnten direkt nieft dem Monument halen. Dat ass zanter dësem Joer alles anescht. Wéi de Wantermaart ofmontéiert gouf, ass d’Plaz net méi fir d’Autoen opgemaach ginn, erkläert de Laurent Schwaller, Urbanist vun der Stad Lëtzebuerg. Am Fréijoer an am Summer soll d’Plaz, déi elo bis op e puer Taxie komplett eidel ass, fir Aktivitéite genotzt ginn. Dat bedeit: Iessstänn, eng Zort Plage an d’Sëtzbänke kommen nees zeréck. Dat alles sinn Iddien, déi an der Iwwergangsphas hei sollen ëmgesat ginn. Bis et mat den Aarbechte lassgeet, kann et nämlech nach daueren. E Public Viewing fir d’Olympesch Spiller ass am Summer och geplangt.

Geschicht an Alldag mussen zesummepassen

Wéi d’Gëlle Fra 1923 inauguréiert gouf, war op der Place de la Constitution e Parc, wéi een op den Archivbiller vun deemools gesäit. 1957 koum de Parking. An dann och schonn éischt Iddien, fir d’Plaz nees autofräi ze kréien. De Robert Philippart, UNESCO-Site-Manager vum Kulturministère, erënnert sech un eng ënnerierdesch Busgare oder nach e Parking, Iddien aus de 70er Joren. Ze vill grouss Chantieren, déi ni realiséiert goufen. Dës Projeten hätten ze vill Impakt op de Site gehat, se goufe verworf. De Fiels ass also intakt bliwwen, mee d’Autoen hunn déi historesch Plaz weider dominéiert. 2019 war du bekannt ginn, dass d’Place de la Constitution amenagéiert gëtt an och e Lift Deel vum Projet soll sinn, fir de Stadzentrum mam Péitrussdall ze verbannen. Et wier wichteg, dass de Lift zu der Mobilitéit an der Stad bäidréit an net just en Touristemagnéit gëtt, präziséiert de Laurent Schwaller.

Dem leschte Stand no wier de Lift am Fiels geplangt, fir d’Ästhetik vum UNESCO-Site bäizebehalen. Ma dat kéint sech awer och änneren. Fir d’UNESCO-Kommissioun wier et wichteg, dass déi historesch Architektur respektéiert gëtt, ma dat soll awer och mam Alldag vun den Awunner zesummepassen. Authentesch soll en historesche Site sinn, betount de Robert Philippart. Dowéinst misst gekuckt ginn, wat besser op déi Plaz passt. Dobäi kënnt, dass och muss consideréiert ginn, wat fir en Impakt de Chantier op de Site huet.

Käschtepunkt nach onbekannt

Aktuell lafen Etüden, déi solle weisen, wat op där Plaz iwwerhaapt machbar ass. Dowéinst ass de Käschtepunkt vun den Ëmbauaarbechten och nach net gewosst. Ma eppes ass an deem ganze Projet awer scho sécher: D’Gëlle Fra bleift! No der mouvementéiert Geschichte wier d’Monument vun der Place de la Constitution net ewechzedenken, esou de Laurent Schwaller, Urbanist vun der Stad Lëtzebuerg.

Ob d’Taxien, déi den Ament nach hei dierfen halen, nom Amenagement vun der Plaz och kënne bleiwen, wier net ganz sécher. Esou nach den Urbanist vun der Stad Lëtzebuerg. Zum Schluss muss d’Gesamtkonzept einfach stëmmeg sinn.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO