
Um spéiden Owend kruten d'Beamten en opfällegt Gefier gemellt. D'Beamten hunn de Chauffer zu Rodange ugehalen - den Alkoholtest war positiv. De Mann huet den Auto misse stoe loossen, et gouf e Protokoll an de Führerschäi war fort. Well hie sech donieft beholl hätt an eng Gefor fir sech sëlwer duergestallt hätt, an och d'ëffentlech Rou gestéiert hätt, ass hien a Passagearrest komm, esou d'Police. Och zu Angelduerf ass e Chauffer, deen ze vill gedronk hat, duerch säi Fuerstil opgefall, de Führerschäin war op der Plaz fort.
D'lescht Nuecht gouf iwwerdeems zu Diddeleng an zu Alzeng agebrach, esou nach d'Police, d'Ermëttlunge lafen.