
Bei der Kontroll ass opgefall, dass de Mann ënner Alkoholafloss stoung an zanter Juli e provisorescht Fuerverbuet hat. Den Alkohol- an Drogentest si positiv ausgefall. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet ordonéiert, d'Gefier ze saiséieren.
E weidere Virfall gouf et en Dënschdeg den Owend kuerz virun 22 Auer. Op der A13 a Richtung A4 war en Automobilist am Zickzack ënnerwee. Hie konnt vun enger Patrulle an der Lëtzebuerger Strooss gestoppt ginn. Bei der Kontroll koum eraus, dass de Fuerer Alkohol gedronk hat. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet an de Permis gouf agestach.