Tëscht Nidderfeelen a KiemenAutomobilist iwwerschléit sech mat sengem Won a gëtt liicht blesséiert
RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend géint 23 Auer koum et op der Streck tëscht Nidderfeelen a Kiemen zu engem Accident.
Update: 12.12.2025 09:31
De Won war vun der Strooss ofkomm an huet sech e puer Mol iwwerschloen. De Chauffer an de Bäifuerer goufe vun de Rettungsdéngschter betreit an de Chauffer koum an der Suite mat liichte Blessuren an d’Spidol.