
D'Ursaachen dofir si virun allem um Immobiliemarché ze fannen, respektiv op der Bourse, well de Wäert vun den Investitiounen, bei deenen, déi et sech leeschte kënnen ze investéieren, zeréckgaangen ass.
D'Nettoverméige vun de Lëtzebuerger Stéit loung 2023 am Duerchschnëtt bei 1,157 Milliounen Euro. Inflatiounsberéngegt war dat e Réckgang vun 18 Prozent. Zum Nettoverméige gehéieren Immobilien, Autoen an aner sougenannt Sachwäerter minus d'Scholden. Een Element an där Evolutioun sinn d'Immobiliepräisser, déi an där Zäit gefall sinn. Ma den Zougang zur Proprietéit ass der Zentralbank no méi an d'Gewiicht gefall. Sou ass den Undeel u Stéit, déi Proprietär vun hirem Wunnsëtz waren, tëscht 2021 an 2023 vu 65,6 op 61,7 Prozent gefall. 2018 waren et nach 69 Prozent, déi Proprietär vun hirem Wunnsëtz waren. Gläichzäiteg waren 2023 awer 32 Prozent vun de Stéit Proprietär vun aneren Immobilien, wéi hirem Wunnsëtz.
Ma esouguer Stéit, déi lounen, si meeschtens Proprietär vun engem Auto. 84,2 Prozent vun de Stéit haten 2023 op dmannst een Auto am Stot – och deen Taux ass liicht réckleefeg, zanter 2014 ass en ëm bal véier Prozentpunkte gefall.
Wat d'Verdeelung vum Verméigen tëscht verschiddene Populatiounsgruppen ugeet, weisen d'Enquêten iwwer d'Joren, datt et mam Alter bis zur Pensioun an d'Luucht geet, datt Stéit, an deenen d'Referenzpersoun e Mann ass amplaz eng Fra, méi Verméigen hunn. An datt Koppelen es och méi hunn, wéi Célibatairen, Gescheeten oder Wittleit. Déi, déi hiert Doheem lounen, si méi aarm wéi d'Proprietären.
Ma wéi kommen d'Stéit zu Geld? D'Bruttoakommes louch bei 125.000 Euro d'Joer an d'Medianakommes bei 96.600 Euro, e Plus vun aacht Prozent am Verglach zu 2021. Déi Entwécklung féieren d'Fuerscher vun der Zentralbank dorop zréck, datt 79 Prozent vun de Stéit Paie kritt hunn, déi indexéiert sinn.
D'Inegalitéiten an der Verdeelung vum Verméigen hunn der Zentralbank no zanter 2010 kaum bougéiert. Deem räichsten éischte Prozent vun de Stéit gehéieren 13 Prozent vum Nettoverméigen, deene räichsten 10 Prozent vun de Stéit mat 47 Prozent bal d'Hallschent vum Nettoverméigen. Déi ënnescht 50 Prozent vun de Stéit kommen zesummen op 9 Prozent vum Nettoverméigen. Zwee Prozent vun de Stéit haten en negatiivt Verméigen, also méi Scholden, wéi hire Besëtz wäert war.