Invité vun der Redaktioun (4. Mee) - Marc SpautzSpautz verdeedegt Sozialdialog trotz Kritik un "Kaffiskranz-Formater"

Annick Goerens
E Méindeg de Moie waren Aussoe vun de Gewerkschafte vum 1. Mee Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Ech mengen, dass mer eis alleguerten eens sinn, dass mer mussen iwwert d'Kompetitivitéit an iwwert d'Energiepräisser schwätzen. Dat schéngt mer evident ze sinn. An och iwwert d'Inflatioun." Dat sot den Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer d'Sujete fir d'Tripartite den 12. Mee. Hie wollt sech allerdéngs net festleeën, wat an der Tripartite diskutéiert gëtt.

"Ech mengen, de Mëttwoch gesinn de Premierminister, de Wirtschaftsminister an de Finanzminister d'Sozialpartner individuell eng Kéier, fir dat virzebereeden."

Den Aarbechtsminister war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet bedauert, dass et, trotz Efforten, him nach net gelonge wier, fir d'Gewerkschaften an d'Patronat un een Dësch ze kréien. "Dat ass mer leider net gegléckt. Si sinn net an déi Gespréicher komm. Mee ech ginn d'Hoffnung net op, dass eis dat nach geléngt. "

1. Mee "méi haarde Klima wéi gewinnt"

De Marc Spautz huet säin éischten 1. Mee als Minister iwwerdeems an engem méi haarde Klima erlieft wéi nach a senger Zäit als Gewerkschaftler. Hie betount, datt hie sech bewosst war, datt seng Roll sech geännert huet. Als Minister misst hien eben net nëmmen d'Interesse vun den Aarbechter, mee vum ganze Land am Bléck behalen. Besonnesch d'Kritik vum LCGB-President Patrick Dury, dass d'Gespréicher tëscht de Sozialpartner an de leschte Méint just "Kaffiskranz-Formater" gewiescht wieren an zu kenge konkrete Resultater gefouert hunn, wollt de Minister awer net gëlle loossen. Et géing natierlech duerch bilateral Formater ëmmer méi laang daueren, fir zu 3 ee Pabeier ze schreiwen, mee punkto Plattform-Aarbecht hätt ee geliwwert. A punkto Aarbechtszäitorganisatioun wier ee sech zwar net eens ginn, mee et hätt een eng Aktualitéitsdebatt an der Chamber ugefrot, well et wichteg wier, déi eenzel Positiounen a Fuerderunge vun de Parteien ze héieren, iert ee weider negociéiert.

Mindestloun-Debatt muss Kompetitivitéit a Liewenskäschte mat abezéien

D'Fuerderung vun de Gewerkschafte fir eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 11 Prozent, also ronn 300 Euro, gesäit de Minister am Kontext vun der gesamter wirtschaftlecher Situatioun. Nieft der Kompetitivitéit vun de Betriber spillen och héich Liewenskäschten, Logement an Energiepräisser eng grouss Roll. An dat dierft een net aus den Ae verléieren. "A punkto Mindestloun hu mer ee vun deenen héchsten an der ganzer Groussregioun. Mee du kanns am mannste gutt mat deem Mindestloun liewen. Dat muss een agestoen." Mee dat wier iwwerall esou. Notamment duerch den deiere Logement. D'Regierung setzt op méi Wunnengen um Maart, duerch grouss Projeten (Wunne mat der Wolz, Metzeschmelz), och wann dat Zäit brauch. Zënspolitik an Zougang zu Prête spillen dobäi natierlech och eng entscheedend Roll. Donieft géingen et dofir och sozial Hëllefe gi fir d'Energie a fir de Loyer. Dat misst ee méi global kucken. Dobäi misst een awer oppasse fir kompetitiv ze bleiwen, well soss géingen d'Chômagezuelen nach weider an d'Luucht goen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Spautz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.


Back to Top
CIM LOGO