Auto géint FassadAutomobilist kritt Stroosseschëld ze paken a lant an Eefamilljenhaus

RTL Lëtzebuerg
Géint 14 Auer 20 goufen d'Rettungsdéngschter an d'Iechternacher Strooss op Waasserbëlleg geruff.
© CIS Grevenmacher-Mertert

Wéi de CIS Mäertert-Gréiwemaacher op der Plaz ukoum, huet sech erausgestallt, dass en Automobilist mat sengem Auto an enger Lénkskéier d'Kontroll verluer huet, an e Schëld gerannt ass an dono d'Fassade vun engem Haus ze pake krut.

© CIS Grevenmacher-Mertert

De Chauffeur vum Won gouf dobäi liicht blesséiert a koum mat der Ambulanz an d'Spidol. Op der Plaz war dann och d'Police. No enger Stonn war d'Plaz dann och nees geraumt.

© CIS Grevenmacher-Mertert

Back to Top
CIM LOGO