
Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer kee Fürerschäin dobäi hat. Et gouf bei de franséische Kolleegen nogefrot, déi doropshi bestätegt hunn, dass de Mann iwwerhaapt kee valabele Fürerschäin huet. De Mann gouf protokolléiert an den Auto gouf beschlagnaamt.