Getuuts zu DéifferdengAutomobilist rebelléiert géint Police a schléit Beamte mat Fauscht an d'Gesicht

RTL Lëtzebuerg
Eng Policepatrull huet e Samschdeg géint 18.50 Auer an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng e Chauffer gestoppt, deen duerch säi Fuerverhalen opgefall war.
© RTL Archivbild

Wéi d’Beamten de Mann kontrolléiert hunn, ass op e puer Meter Ofstand en anere Won stoe bliwwen. Den Automobilist huet an engem Stéck op d’Tut gedréckt.

E Polizist ass bei den Auto getrëppelt an huet dem Mann ze verstoe ginn, dat Getuuts z’ënnerloossen. De Chauffer huet refuséiert d’Fënster erofzemaachen oder weiderzefueren, huet awer weider op d’Tut gedréckt. Duerch d’Getuuts hu sech Gafferte versammelt. Wéi de Beamte virum Gefier stoung, huet de Mann kuerz ugesat weiderzefueren, ass dunn awer stoe bliwwen.

De Mann am Auto huet ugefaangen, d’Situatioun ze filmen, huet d’Polizisten aggresséiert a menacéiert. Hien huet dobäi weider getut am dobäi nach méi Leit ugezunn, déi kucke wollten, wat lass wier.

Well de Mann duerch säi Verhalen déi ëffentlech Rou gestéiert a fir Ierger gesuergt huet, hunn d’Poliziste missen handelen. De Mann huet engem Beamte mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen. Doropshin ass hie “ruckaarteg” mat sengem Auto hannerzeg gefuer a wollt flüchten, krut dunn awer e Bus ze paken, deen an e puer Meter Ofstand stoung.

Den Automobilist konnt um Enn un der Flucht gehënnert ginn an aus sengem Gefier geholl ginn. Fir déi genee Ëmstänn vum Virfall ze klären, gouf de Mann mat op d’Kommissariat geholl. De Parquet gouf informéiert an eng Plainte wéinst Rebellioun deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO