LeidelengAutomobilist weist eng falsch Pistoul no Sträit am Verkéier

RTL Lëtzebuerg
Géint 17h20 Auer gouf der Police e Chauffeur gemellt, dee wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall ass.
© RTL Archiv

Net ganz intelligent huet sech en Automobilist zu Leideleng verhalen. Op der enger Säit ass dëse wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall, op der anerer Säit ass hien op déi geeschträich Iddi komm, no enger verbaler Ausernanersetzung eng Pistoul virzeweisen, fir wuel en Androck ze maachen.

De Chauffeur gouf gestoppt a kontrolléiert, hei konnt een dann och effektiv eng Waff sécherstellen, och wann et just eng Schreckschosspistoul war. De Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO