
De Mann hat dem Chauffer, fir den Trajet Suen ugebueden. Dësen hat sech doropshi bereet erkläert, de Mann matzehuelen.
Wärend der Faart hat deen onbekannte Mann de Chauffer mat engem Messer menacéiert an him den Handy, weider Wäertsaachen, seng Suen a seng Kleeder geklaut. Ausserdeem hat hie säin Affer geschloen.
De Chauffer huet eng Plainte gemaach an d’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl.