
Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, hu se musse constatéieren, dass d'Automobilistin an hirem Gefier souz, ze schlofen. Si war mat hirem Won an ee stationéierten Auto gerannt.
Den Alkoholtest war positiv. D'Fra krut de Führerschäin ofgeholl a gouf protokolléiert.
Kuerz no 1 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg war de Beamten zu Diddeleng an der Rue du Commerce ee Chauffeur duerch säi Fuerstil opgefall.
D'Police huet den Auto kuerz dono gestoppt. Och an dësem Fall hat de Chauffeur ze vill gedronk.
Hie krut de Permis ofgeholl a gouf protokolléiert.