Déidlechen Accident op der A6Automobilistin kritt Foussgänger ze paken, 34 Joer ale Mann huet net iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler Autobunn a Richtung Stad koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem déidleche Verkéiersaccident, dat mellt d'Police.
Déidlechen Accident op der A8
Eng Automobilistin huet géint 1 Auer an der Nuecht op der Autobunn eng Persoun ze pake kritt.

Kuerz virun 1 Auer e Sonndeg de Moien huet eng Autosfuererin op der A6 tëschent Mamer/Kapellen a Briddel/Stroossen grad e Camion iwwerholl, wéi si e Foussgänger ze pake krut. De 34 Joer ale Mann gouf iwwert d'kalifornesch Mauer op déi aner Säit vun der Autobunn geschleidert. Hien huet den Accident net iwwerlieft. Der Autosfuererin ass näischt geschitt, och wann hiren Auto schwéier beschiedegt gouf.

D'Police ermëttelt elo, wéi et zum Accident konnt kommen. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D'Autobunn war nom déidlechen Tëschefall a béide Richtunge fir de Verkéier gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO