Appellsprozess "Auerenaffär"Awer kee Blanchiment vu Flavio Becca?

RTL Lëtzebuerg
An der sougenannter Auerenaffär kënnt och den Appelsprozess ëm de Promoteur Flavio Becca sulues un en Enn. Et war de leschte Verhandlungsdag.
© Pressphoto.rtl.lu

Appelsprozess Flavio Becca / Reportage Anne Wolff

Um véierte Prozessdag huet dem Promoteur seng Affekotin, d’Maître Lorang, plädéiert. Si ass drop agaangen, wat fir eng Konsequenzen eng Verurteelung vu Geldwäsch a Mëssbrauch vu Firmegelder fir de Flavio Becca hätt: Hie géif Schwieregkeete kréien, Kreditter opzehuelen a wier a senge Geschäfter dowéinst immens ageschränkt. De Parquet général freet eng Confirmatioun vum éischten Urteel wéinst Abus de biens sociaux, géif awer de Punkt vun der Geldwäsch fale loossen. Zousätzlech freet de Parquet géneral d’Saisie vun all den Aueren.

An éischter Instanz war hien d’lescht Joer am Mäerz wéinst Mëssbrauch vu Firmegelder a Blanchiment zu enger Geldstrof vun 250.000 Euro an 2 Joer Prisong op Sursis verurteelt ginn.

Et geet jo ëm eng 842 Luxusaueren, déi de Promoteur deels iwwert Firmekonte kaf soll hunn. Déi sinn am Joer 2011 saiséiert ginn. D’Provenance vun den Auere war fir d’Justiz schwéier nozevollzéien, well se deelweis net méi an der originaler Këscht waren.

Genee dat huet dann och den Affekot vun der Partie civile nach eemol betount: De Me Grasso vertrëtt Ikodomos, d’Firma vum Flavio Becca sengem fréiere Geschäftspartner Eric Lux, mat deem de Promoteur och an engem Rechtssträit war. De Me Grasso huet nach eemol gesot, dass d’Aart a Weis, wéi d’Auere gelagert goufen, net géif zu engem Collectionneur passen, dee mat den Auere wéilt en Investissement maachen. Dofir missten d’Aueren an den originale Këschte sinn an och déi passend Rechnung dobäi sinn.

D‘Urteel an der Affär fält de 6. Juli.

RTL News: Alles korrekt verbucht, esou d’Affekote vum Flavio Becca

Back to Top
CIM LOGO