
Am Aureprozess mam Baupromoteur Flavio Becca war e Mëttwoch d’Verdeedegung vum Ugekloten un der Rei. An do huet ee gemierkt, wéi den Däiwel am Detail stécht.
Et ass kloer ginn, wat iwwer 2.000 Piècen an engem Prozess bedeiten, a wéi schwéier et ass dobäi den Iwwerbléck ze halen. Dat esouwuel fir d’Riichter, d’Affekoten an d’Nolauschterer.
Der Verdeedegung ass et dann dorëms gaangen, ze beweisen, datt d’Facturë vun den 319 Aueren, déi de Flavio Becca mat Fonge vun senger Societéit Promobe Finance kaaft huet, korrekt ausgestallt goufen. De Montant heivir sollen eng 6,5 Millioune gewiescht sinn. D’Majoritéit vun den Aurekeef wieren am Compte courant esou comptabiliséiert ginn, wéi se sollen, seet d’Maître Lydie Lorang. Just e puer Feeler wiere gemaach ginn, déi awer dem Comptabel zouzeschreiwen wieren. Dësen hätt och seng Responsabilitéit dofir iwwerholl.
Generell wier et awer net verbueden, Aueren mat Fonge vun enger Societéit ze kafen an et géing keen eenzege Beweis dofir ginn, datt säi Client eppes hätt wëlle verschleieren, huet de Maître Hervé Temime betount. Hien hätt propper Deklaratioune fir seng Societéite bei der Steierverwaltung eragereecht. Bannent 15 Joer wieren de Flavio Becca a seng Societéiten, bis eben 2019, am Ganzen 86 mol kontrolléiert ginn, an et wier ni eppes kritiséiert ginn.
De Star-Affekot vu Paräis gesäit an där ganzer Affär weder e penalen nach e fiskale Volet. Dofir fuerdert d’Verdeedegung vum Flavio Becca en Acquittement pur et simple vun hirem Client. E Méindeg geet de Prozess am Appell da weider.
RTL News: Confirmatioun aus 1. Instanz gefrot a Saisie vun allen 842 Auere gefuerdert