
Graff resuméiert heescht et, global gesinn géingen d’Stéit d’Lag besser empfannen, mä d’Ongläichheete géinge klammen.
Aus der Ëmfro geet ervir, datt bal ee Véierel vun de Stéit hei am Land soen, et wier schwéier déi zwee Enner beieneen ze kréien. 13,6% soen et wier “éischter schwéier”, 5,9% soen et wier “schwéier” an 3,9% soen et wier souguer “ganz schwéier”.
D’Proportioun vu Leit, déi soen et wier “éischter schwéier” ass op ee Joer gekuckt méi kleng ginn. Allerdéngs soe méi Leit, et wier “ganz schwéier” iwwert d’Ronnen ze kommen.
D’Ëmfro gouf d’lescht Joer gemaach, also nach virun der Hausse vun der Inflatioun.
D’nächst Woch dierft de Statec dann och d’Prognos maachen, ob nach dëst Joer eng weider Indextranche erfält a warscheinlech bis Abrëll d’nächst Joer eng weider. Dat ass alles reng theoreetesch, well d’Tripartite nees muss zesummekommen, fir ze decidéieren, ob a wéini déi Tranchen ausbezuelt ginn.
Antëscht sinn et vum Statec interessant Chifferen iwwert d’finanziell Situatioun vun de Stéit heiheem. Et baséiert ee sech op d’Donnéeë vun 2021.
Basis vum Sondage war net de Revenu vum Stot, mä konkreet Froen, ob de Menage d’Enner beienee kritt, ob se finanzielle Sputt hunn, fir op d’mannst eng Woch Vakanz ze maachen oder wéi et ëm Fësch a Fleesch um Menü steet.
Ënnert dem Stréch mengen d’Menagen, dass se besser do stinn, wéi nach déi Jore virdrun. Eppes iwwer 23% vun de Stéit ginn zwar zou, dass et bei de Finanzen enk gëtt, mä déi Jore virdru waren dat der méi. Allerdéngs geet den Taux vun de Stéit, déi finanziell d’Enner net beienee kréien, op bal 4% erop.
Vill Menagë gënne sech manner, hu Problemer hire finanziellen Obligatiounen nozekommen oder maachen nei Scholden. Allerdéngs ass d’Proportioun vun dëser Kategorie trotzdeem erofgaangen.
Iwwer 15% kënnen den Ament keng nei Miwwele kafen, 12% hu kee Geld fir eng Vakanz a méi wéi 3% kënne sech net 3 Mol d’Woch Fleesch um Menü leeschten. 2,2% hunn net genuch Gel, fir d’Wunneng uerdentlech ze hëtzen an 21% sinn net kapabel, onerwaarten Depensen ze bezuelen.
Eng vun de Konklusioune vun der Etüd ass, dass d’Schéier tëscht Aarm a Räich heiheem ëmmer méi grouss gëtt.