
Dat Dokument ass rezent am franséische Parlament approuvéiert ginn. Et geet ëm d'Besteierung vu franséische Frontalieren.
Dës géingen zwar net duebel besteiert ginn, mä d'Differenz tëscht deene Steieren déi zu Lëtzebuerg bezuelt goufen, an deenen déi de franséische régime fiscal berechent huet, géing steierlech ugerechent ginn, eppes wat fir d'Gewerkschaft net acceptabel ass.
D'ALEBA wëll dowéinst elo de Finanzminister Pierre Gramegna kontaktéieren.