
D’Banken notéiere Rekordgewënner a loossen hir Clienten am Ree stoen. Mat deene Wierder huet de Konsumenteschutz d’Lëtzebuerger Banken e Mëttwoch schaarf attackéiert. D’Unioun vun de Consommateure verlaangt Transparenz bei de Fraisen, abordabel Kreditkonditiounen an e besseren Zerwiss mat Bléck op Agencen a Bankomater, déi verschwannen.
“D’Bankenassociatioun reagéiert, se wëll dës Kriticken net op sech sëtze loossen a se gesäit e gewësse Populismus. Den ABBL-Direkter Jerry Grbic stéiert sech effektiv um Stil vum Konsumenteschutz:
De Communiqué de presse huet e gewëssene populisteschen Ënnertoun, deen a mengen Ae relativ geféierlech ass a verschidde finanztechnesch Grondkenntnisser vermësse léisst.”
Et wier richteg, datt Rekordgewënner notéiert goufen. Ma déi wieren an engem spezielle Kontext realiséiert ginn, wou et staark Zënshausse bannent kuerzer Zäit gouf.
“Dat huet mat sech bruecht, datt Banken, déi jo net all hir Liquiditéiten, déi se hunn, kënnen als Kredit erausginn, mee och mussen halen a placéieren aus Risiko-Management-Grënn, déi hu se zu enger Zäit missten negativ, mat negativen Zënse placéieren an do kréie se elo erëm Zënsen drop. Dat heescht dat selwecht Geld, wat soss kascht huet, dat bréngt haut erëm Revenuen an dat huet e groussen Deel dozou bäigedroen, datt déi Revenus d’intérêts eropgaange sinn.”
Eng Situatioun, déi exzeptionell an temporär wier. Zum Thema Bankomat seet de Jerry Grbic, datt een am Verglach mat eisen Nopeschlänner gutt géing do stoen.
“Mir hunn 80 Bankomater fir 100.000 Awunner. A Frankräich sidd der op 70 an Däitschland an an der Belsch sidd der ënner 60. Et ass richteg, datt d’Agencë manner ginn, well och manner Besoin do ass.”
D’Bankewelt wier an enger Transitiounsphas. D’Paiementer mat Cash léiche bei ënner 40 %. Ëmmer méi géing sech online ofspillen a Lëtzebuerg hätt do eng Virreiderroll. D’Remarke vun der Transparenz bei de Bankfraise wieren net gerechtfäerdegt, gëtt d’Bankenassociatioun ze verstoen. Et géif an deem Beräich kloer Reegele ginn an un déi hätt all Bank sech ze halen.
“Säit enger EU-Direktiv vun 2014, déi 2017 an e Gesetz transposéiert ginn ass, sinn d’Banken zu Lëtzebuerg gehalen, hir Tarifikatioun transparent oppenzeleeën.”
D’Detailer kéint de Client am Netz consultéieren an e kréich se wa gewënscht och op Pabeier, sou d’ABBL. Datt d’Lëtzebuerger Banke sech bei de Kreditkonditiounen net um europäesche Leetzëns orientéiere sollen, dat wier schwéier ze realiséieren. Da géife se ganz vill Demandë kréien, mä da misste se jo och op de Spuerkonten Zënsen erofsetzen, da géifen hir d’Spuerer fortlafen. Si misste sech awer op den internationale Finanzmäert nach ëmmer zu deene Leetzëns-Konditioune finanzéieren, soudatt do d’Margen net méi géifen duergoen an da géife se à la limite defizitär schaffen. D’ABBL confirméiert iwwerdeems, datt d’Zënstauxe fir d’Logementsprêten ugefaangen hunn erofzegoen.