Trotz RekordgewënnerULC kritiséiert Ofbau vu Servicer fir Bank-Clienten

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Banke géife Rekordgewënner op Käschte vun de Clientë maachen an hir Servicer nawell zeréckschrauwen.
© RTL

Dat kritiséiert de Konsumenteschutz an engem Communiqué.

D’Banken hätten een historesche Gewënn vun 6,6 Milliarden netto gemaach, haaptsächlech opgrond vun der staarker Hausse vun der Zënsmarge. Op der anerer Säit géifen d’Servicer fir d’Clientë systematesch zeréckgeschrauft, kritiséiert d’ULC. Iwwerall géingen Agencen zougemaach a manner Servicer ugebuede ginn. Donieft géingen dann och nach d’Déngschtleeschtunge wéi d’Ophiewe vu Suen oder Iwwerweisunge méi deier ginn.

De Konsumenteschutz nennt d’Virgoe vun de Banken eng Frechheet a fuerdert eng transparent Präispolitik, fair Konditiounen, fir e Kredit opzehuelen, e bessere Service fir d’Clienten an en Agräife vun der Politik, fir Drock op d’Banken ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO