BugetskommissiounBankesecteur zu Lëtzebuerg ass gutt opgestallt

Claudia Kollwelter
Eis Banke si staark kapitaliséiert an och méi wéi an anere Länner, huet de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Chamber betount.
© AFP Archiv

Dobäi ass et ënnert anerem ëm d’EU-Exigenze gaangen, wat d’Eegekapital vun de Banken ugeet.

Bankesecteur zu Lëtzebuerg / Reportage Claudia Kollwelter

An déi géif Lëtzebuerg erfëllen. D’Banken hätten e staarke Puffer huet den DP-Deputéierten André Bauler no der Kommissiounssëtzung an der Chamber betount:

“Well et muss ee wëssen, d’Finanzplaz hei zu Lëtzebuerg huet e grousse Poids an der Lëtzebuerger Ekonomie an do gëtt besonnesch streng op eis Finanzplaz gekuckt an dofir hu mer virun allem no der Finanzkris vun 2008 eng ganz staark Kapitaliséierung.”

Et wéilt een net, datt d’Lëtzebuerger Bankeplaz méi schlecht ewech kéim wéi eng aner an ee sech Obligatiounen opsetzt, déi soss uechtert d’Welt net gëllen huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten erkläert. Hien huet awer nach eng aner Suerg:

“Ob een net awer 15 Joer no der Bankekris, wou mer eis déi nei Reegele ginn hunn, musse mer uergt ginn déi elo net ze verwässeren.”

D’Bankekris vun 2008 sollt jidderengem eng Lektioun sinn an net vergiess ginn huet den Yves Cruchten nach betount. Fir den CSV-Deputéierte Laurent Mosar ass nieft der Kapitaliséierung och de Kontroll vun de Banken essentiell:

“An do wëll ech trotzdeem drun erënneren, datt an de leschte Joren extrem vill um Niveau vun der Compliance vun de Banke geännert huet an d’Banke kontrolléiert ginn. Dat ass eng gutt Saach, well et dozou bäidréit, datt Finanzkrisen ëmmer méi onwarscheinlech ginn.”

Et misst een awer och oppassen, datt ee weider kompetitiv an attraktiv bleift, huet de Laurent Mosar nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO