CGDISBarbecue a Brand geroden an Accident mat puer Gefierer op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend géint 20 Auer hunn d'Pompjeeë mussen an den Asaz op de Briddel (op den Scheppen). E Grill-Feier war hei ausser Kontroll geroden.

Nieft de Pompjeeën aus der Stad a vu Koplescht waren och zwou Ambulanzen an de Samu am Asaz.

Da mellt de CGDIS nach eng Kollisioun tëscht e puer Gefierer tëscht Schëffleng a Lalleng an Direktioun Péiteng. Eng Persoun gouf verwonnt. Nieft de Pompjeeë vun Esch an Diddeleng, waren och Ambulanze vun Esch, Schëffleng souwéi de Samu vun Esch op der Plaz.

Och am laf vum Dënschdegmëtteg ass et zu enger Partie Accidenter komm.

Géint 14.15 Auer hat sech an der Rue de Diekirch zu Lëntgen 2 Autoen ze pake kritt. D’Secouriste vu Lëntgen hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.

Nëmmen e puer Minutte méi spéit waren dann zu Monnerech an der Grand-Rue 2 Autoen aneneegerannt. Hei gouf et ee Blesséierten. D’Secouriste vu Monnerech-Reckeng an Diddeleng waren am Asaz.

Um 15.06 Auer war et dann tëscht Miersch an dem Rouscht zu enger Kollisioun vun 2 Autoe komm. Hei waren d’Secouriste vu Miersch an aus der Fiels op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO