
Ënnert anerem dat wollt d’Joelle Welfring vun déi Gréng en Dënschdeg de Mëtteg an der Froestonn an der Chamber vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wëssen.
Dës huet erkläert, datt een d’Landwirtschaftskammer invitéiert huet. All Organisatioun, déi an der Kammer mat zwee Representante vertrueden ass, kann de 4. Mäerz dobäi sinn.
Sujete wäerten ënnert anerem d’Bauen an der Gréngzon sinn, de Waasserschutz, Ammoniak a méiglech kuerzfristeg Upassungen um Strategieplang, huet d’Martine Hansen nach präziséiert.