Mëllechpräisser falenBauere maache sech Suergen

Diana Hoffmann
Nom historesche Peak vum leschte Joer falen aktuell d'Mëllechpräisser. D'Mëllechbauere maache sech Suergen, well d'Produktioun méi héich ass wéi d'Nofro.
Mëllechpräisser falen: Bauere maache sech Suergen
Nom historesche Peak vum leschte Joer falen aktuell d’Mëllechpräisser. D’Mëllechbauere maache sech Suergen, well d’Produktioun méi héich ass wéi d’Nofro.

D’Käschte wieren explodéiert. Am Verglach zum Dezember ass de Mëllechpräis am Februar ëm 3,89 Cent pro Kilo gefall. Dat no engem exzellente Joer 2022, wou de Präis fir d’Produzente mat 38 Prozent am Joer staark an d’Luucht gaange war. Dat géing awer net bedeiten, dass een déi selwecht Hausse beim Benefice gehat hätt, seet de President vun der Interessegemeinschaft vun de Lëtzebuerger Mëllechbaueren (LDB), de Guy Diderrich.

Mëllechpräisser falen/Reportage Diana Hoffmann

Op där anerer Säit wieren nämlech och d’Käschte fir d’Baueren explodéiert. “Mir hunn effektiv 2022 déi éischte Kéier e käschtendeckende Mëllechpräis realiséiert”, seet de Guy Diderrich. Bleiwen d’Präisser elo awer niddreg, misst ee mëttel- a laangfristeg mat engem Minus rechnen. D’Energie wier zwar elo e bëssi méi bëlleg ginn, mee den Haaptkäschtepunkt bei der Mëllechproduktioun wier de Fudderpräis. An dee wier ëmmer konstant héich.

De weltwäite Marché, also d’Produktioun an d’Nofro, bestëmmen de Mëllechpräis. An domat och de Benefice vun de Baueren zu Lëtzebuerg. “An de leschten 3 Méint ass de Mëllechpräis ëm ongeféier 12 Cent erofgaangen. An ech produzéieren hei um Haff eng 750.000 Kilo Mëllech d’Joer”, seet de Mëllechbauer Guy Meyers. 12 Cent op d’Joer manner wieren 90.000 Euro manner - fir käschtendeckend ze bleiwen oder ze investéieren.

D’Mëllechbauere fuerderen dofir, dass d’Betriber op EU-Niveau missten d’Produktioun erofschrauwen an dofir entschiedegt ginn, fir datt de Mëllechpräis nees an d’Gläichgewiicht kéim.

Back to Top
CIM LOGO