Schlussliicht am EU-VerglachBaugeneemegunge sinn zu Lëtzebuerg 2022 ëm 28 Prozent erofgaangen

RTL Lëtzebuerg
Europawäit sinn d'lescht Joer d'Baugeneemegungen - gekuckt op benotzbar Baufläch - ëm bal 5 Prozent op nach 386,7 Millioune Quadratmeter zeréckgaangen.
© RTL-Archiv

Baugeneemegunge ginn och un der Zuel vun de Wunnunitéiten, onofhängeg vun der Gréisst, gemooss. Och do ass d’Zuel vun de Permisen 2022 ëm 4 Prozent erofgaangen, ëm insgesamt 79.100 Wunnunitéiten. Dat mellt Eurostat en Donneschdeg.

Tëscht 2015 an 2019 ass d’Zuel vu Baugeneemegungen nach am Schnëtt ëm ronn 6 Prozent d’Joer geklommen, ier et en Abroch am éischte Corona-Joer 2020 gouf. 2021 war et dunn nees eng duerchschnëttlech Hausse vu 15 Prozent.

Lëtzebuerg schneit am EU-Verglach fir d’Joer 2022 tatsächlech am schlechtsten of. Wärend d’lescht Joer a just néng Länner méi Baugeneemegungen erdeelt goufen, wéi am Joe virdrun, ass Lëtzebuerg mat engem Minus vun 28 Prozent dat kloert Schlussliicht. Déi meeschten nei Baugeneemegunge gouf et iwwerdeems op Malta (+29%), a Spuenien (+28%) an a Kroatien (+21%).

Den aktuellsten Zuele vum Statec no hunn déi 102 Gemengen am Land 2022 de Bau vu 4.709 Logementer autoriséiert - knapps e Véierel manner, wéi d’Joer virdrun.

Back to Top
CIM LOGO