
Am Verglach mat änleche Regiounen an Däitschland an an der Schwäiz hätt Lëtzebuerg eng relativ grouss Reserv, esou de Logements- an de Landesplanungsministère e Mëttwoch an engem Communiqué am Zesummenhang mat der Publikatioun vun neien Etüde vum Liser d’lescht Woch.
D’Reserven u Bauland wiere mat 42% besonnesch an der Stad Lëtzebuerg a senge Randgemengen, mee och am Süden an an der Nordstad. Enger Evaluatioun no kéinte 85% vun de Parzellen ouni juristesch oder physesch Hürde bebaut ginn. Meeschtens wieren awer Upassungen un den Terrainen oder Bebauungspläng néideg oder al Gebaier missten ofgerappt ginn.
D’Ministèrë schreiwe weider, datt een Drëttel vun de Bauland-Reserve scho versigelt wier, also keng gréng Wise wieren, sou datt net méi Land misst opgebraucht ginn.
D’Etüde vum Liser géingen de Ministèren no weisen, datt, fir Wunnraum ze schafen, ënnert anerem folgend Mesuren néideg wieren: Baulücke misste mobiliséiert ginn, al Gebaier misste renovéiert a Wunnengen diversifiéiert ginn. Ausserdeem missten d’Gemengen zesummeschaffen an et misst eppes géint eidel Wunnenge gemaach ginn.