
Den Ament gëtt ganz aktiv un deenen zwee groussherzogleche Reglementer geschafft, déi a Kraaft trieden, wann d'Konventiounen tëschent der Gesondheetskeess an der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren net méi a Kraaft sinn. D'AMMD hat déi jo den 30. Oktober d'lescht Joer gekënnegt, mat engem Preavis vun 12 Méint.
Et gouf ee sech net iwwert nei Texter eens an dofir ginn déi obligatoresch Bestëmmungen aus deenen zwou Konventiounen elo iwwer groussherzoglech Reglementer gereegelt. Zënter der leschter Woch läit den Avis vum Staatsrot vir an dofir ginn d'Texter, déi d'Regierung de 17. August ugeholl hat, elo nach eng Kéier nogebessert.
D'Ministesch fir Gesondheet a Securité sociale Martine Deprez huet ënnerstrach, datt d'Bedenke vum Staatsrot aus dem Wee geraumt kënne ginn. Dofir mussen d'Texter awer nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.
"Ech huelen ee Beispill eraus, do wou steet, datt eppes muss mat 'tacte et mesure' ugaange ginn. Jo, natierlech 'tacte et mesure' ass ee wäite Begrëff. Do versteet deen een dat eent drënner, deen aneren dat anert drënner. An do war dann d'Méiglechkeet, entweeder elo ze preziséieren, wat een dorënner versteet, oder ze soen, mir ginn dat mat 'tacte et mesure' einfach sträichen, dann ass et kloer, déi CPen, déi et gëtt am Kader vun der Konventioun, déi gëtt et och elo am Kader vum Règlement grand-ducal an déi kënne facturéiert ginn no deene Prinzippien, déi bis elo an der Konventioun bestanen hunn. An do steet fir all d'CP eng ganz detailléiert Erklärung dobäi."
D'CPen, also d'Convenances personnelles, si Supplementen, déi d'Dokteren a bestëmmte Fäll zousätzlech kënne verrechnen. Op deem Punkt huet de Marc Baum vun déi Lénk eng potentiell Gefor gesinn.
"Wou stinn déi dann, déi Prinzippien, wéi dat gehandhaabt gëtt? Well dat kéint jo effektiv d'Hannerdier sinn, fir quasi no uewen esou zimmlech alles kënnen ze verrechnen an dann ass d'Dier wierklech ganz wäit oppen zur Tariffräiheet, wat mengen ech heibannen awer kee wëll."
Den LSAP-Deputéierten a fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo huet net schlecht gestaunt, wéi hien den Avis vum Staatsrot gelies huet. Hien huet sech nämlech gewonnert, datt déi héich Kierperschaft de Supplement fir Eenzelzëmmeren net a Fro stellt. D'Doktere kënne jo do bis zu 66 Prozent méi verrechnen.
"Elo ass et net un eis, fir dem Staatsrot ze soen, hei kuckt dat do nach eng Kéier, dat wär e bëssen de Spiiss ëmgedréit. Dir hutt vergiess, eppes z'analyséieren, wat vläicht net ze verfassungskonform ass. Ech sinn net iwwerzeegt, dass wann d'Patienten dogéint géife kloen elo, wou et an engem Règlement grand-ducal dra steet, dass dat einfach esou comme une lettre à la poste géif duerchgoen."
D'Ministesch wollt zu deem Punkt näischt soen, ausser datt d'Regierung en Avis vum Staatsrot net ze kommentéieren huet.