Konjunktur-KrisBei bal 40 Baufirme gëtt kuerz geschafft

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der ugespaanter Situatioun am Bausecteur gouf vum Konjunkturcomité decidéiert, datt bis zum Ufank vum Baucongé an 37 Firme ka kuerz geschafft ginn.

Den Decisioune vum Ministerrot no gëllt jo fir 2 präzis Secteure vu Baufirmen, déi am Héichbau, mee och déi, déi an der Demolitioun an der Preparatioun vun de Chantiere schaffen, déi konjunkturell Kris. Betraff sinn eng 600 Firmen.

47 Entreprisen haten d’Kuerzaarbecht fir hir Leit ugefrot - 37 Demande kruten de Feu-vert fir Leit, déi op Chantiere schaffen. 8 Demandë kruten keen Accord - bei zwou weidere Firme mussen nach Analyse gemaach ginn.

Wéi vill Leit bei de bal 40 concernéierte Baufirme bis Enn Juli kuerzschaffen a manner verdéngen, gëtt net preziséiert.

Weider Demandë vun anere Firmen, déi d’Kuerzaarbecht ufroen, ginn e Méindeg am Konjunkturcomité analyséiert.

Back to Top
CIM LOGO