Ee Verdächtege festgehollBei engem Tëschefall zu Féiz ass e Schoss gefall

RTL Lëtzebuerg
Géint 4 Auer e Samschdeg de Moien war et op engem Parking an der Rue du Brill zu Féiz zu engem Tëschefall komm bei deem geschoss gi wier.
Police
Police
© Police

D’Police hat doropshin direkt eng Enquête an d’Weeër geleet an d’Beamte konnten no kuerzer Zäit en Auto mat 2 Verdächtegen zu Monnerech unhalen.

Déi zwou Persoune sinn op de Policebüro bruecht ginn. Am Auto hunn d’Polizisten eng Schreckschosspistoul séchergestallt. Déi gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt an ee vun de Verdächtege gouf festgeholl. De Chauffer vum Auto krut wéinst ze vill Alkohol um Steier säi Führerschäin ewech geholl. Iwwert de geneeën Hannergrond vum Tëschefall ass soss offiziell näischt gewosst.

Back to Top
CIM LOGO