Op der N7Bei grousser Alkoholkontroll goufe 4 Permisen agezunn
Donieft goufe 7 Avertissement Taxés verdeelt, well d'Automobilisten ze vill gedronk haten. Kontrolléiert goufen 120 Chaufferen.
Verëffentlecht: 14.10.21 07:15, Update: 10.12.25 14:01
Dat an der Nuecht op en Donneschdeg tëscht 23.00 an 1.45 Auer op der N7 zu Luerenzweiler respektiv op der N7 zu Miersch. Dës Kontroll war vum Parquet ordonéiert.