
Déi ronn 150 Patiente wieren all bei anere Prestatairen ënnerkomm an e groussen Deel vum Personal och, dat sot de Benoît Entringer op Nofro hin. Den Affekot preziséiert, datt ee bei heem.lu eng Faillite géif preparéieren, dat wier déi bescht Léisung fir d’Personal, dat fir de Februar nach kee Salaire bezuelt krut. De Grond: Wéinst de Saisien an der lafender Enquête kéinte keng Paien ausbezuelt ginn.
Den OGBL hat en Dënschdeg eng Versammlung fir d’Personal organiséiert, esou de Pitt Bach. Eng ganz Partie hätten d’Gewerkschaft déi lescht Woche kontaktéiert. Verschiddener hätten och Schwieregkeete gehat, d’Rechnungen ze bezuelen, well se am Februar kee Salaire kruten. Eng 50 Leit hu bei heem.lu geschafft, déi meescht vun hinnen hätten eppes Neies fonnt, esou de Pitt Bach.
Dem OGBL wier och opgefall, datt verschidde Leit net richteg bei heem.lu ugestallt gewiescht wieren. Se wieren hallef Independant gewiescht an hätten iwwert dee Wee och net de Salaire vum Kollektivvertrag bezuelt kritt. Fir de Pitt Bach ass dat e Versuch, fir de Kollektivvertrag z’ëmgoen.
Enn Februar hat de Parquet per Schreiwes matgedeelt, datt eng Persoun, déi am Fleegesecteur schafft, an Untersuchungshaft géif sëtzen. Hannergrond wieren eng Rei Denonciatioune beim zoustännegen Anti-Fraude-Service vun der Gesondheetskeess. Géint en Acteur aus dem Fleegesecteur gëtt ënner anerem wéinst Fälschung, Bedruch, Abus de confiance, Abus de biens sociaux a Geldwäsch enquêtéiert. Den Affekot vum Beschëllegte sot op Nofro, dass dësen nach ëmmer an Untersuchungshaft sëtzt. De Maître Benoît Entringer sot den 1. Mäerz am RTL-Interview, datt keen ofstreit, dass et eng Diskrepanz gëtt tëscht deem, wat geschafft ginn ass, an deem, wat bei der CNS facturéiert gouf. Am Communiqué vum Parquet ass rieds vun 2,5 Milliounen Euro. E Montant, deen dem Affekot net realistesch schéngt. Dëse géif op enger Evaluatioun vun der CNS baséieren, dat misst een elo genee kucken.
D’Enquête ass am Gaangen. De Parquet rappelléiert, datt esoulaang d’Schold vun der Persoun, géint déi enquêtéiert gëtt, net bewisen ass, d’Présomption d’innocence gëllt.
Suite à plusieurs dénonciations du Service anti-fraude (LAF) de la Caisse Nationale de Santé (CNS) relatifs à de nombreuses irrégularités dans la facturation de prestataires de soins à domicile opérant sous une même enseigne pour un préjudice évalué provisoirement à plus de 2,5 millions d’euros, et suite à une analyse approfondie de multiples opérations bancaires suspectes par la Cellule de renseignement financier (CRF) constatant des irrégularités au niveau de la gestion des comptes de ces prestataires, une instruction judiciaire a été ouverte par le parquet de Luxembourg notamment des chefs de faux, usage de faux, escroquerie à subvention, infractions à l’article 451 du Code de la Sécurité Sociale, association de malfaiteurs, abus de confiance, abus de biens sociaux et blanchiment.
Dans le cadre de cette instruction judiciaire des enquêteurs du service de police judiciaire (SPJ) (section FAME) ont récemment procédé à la saisie de très nombreux documents administratifs, comptables et financiers relatifs à la gestion et la facturation des prestations de soins à domicile.
Le 22 février 2023, sur mandat du juge d’instruction de Luxembourg, les enquêteurs ont procédé à l’arrestation d’une personne ainsi qu’à d’importantes saisies patrimoniales dont la maison du dirigeant du réseau.
La personne arrêtée a été interrogée en date du 23 février 2023 par le juge d’instruction qui a ordonné son placement en détention préventive.
L’enquête d’envergure se poursuit.
Le parquet tient à rappeler qu’en vertu du principe de la présomption d’innocence toute personne, qui se voit reprocher une infraction, est réputée innocente tant que sa culpabilité n’a pas été légalement démontrée.