
Bei engem Iwwerfall op e Jugendlechen, hunn zwou aner jugendlech Persounen d'Affer attackéiert a krut eng Musek-Box vun der Mark JBL (Partybox 100) geklaut. D'Affer gouf dobäi och liicht blesséiert.
Béid Täter sinn dunn a Richtung Kierch gelaf. Eng vun deenen zwou Persounen hat eng giel Jackett mat schwaarzen Äerm un.
Ermëttlunge goufen an dësem Fall ageleet.
Zu engem Fall vu Fahrerflucht koum et dunn nach géint kuerz virun hallwer 8 e Méindeg dem Owend, dat zu Lëntgen an der Rue de l'Ecole. Kuerz Zäit drop konnt de Chauffeur awer vun der Police ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv, de Permis war fort an et gouf eng Plainte.