Vum 1. Juli 2023 unBei PWC Lëtzebuerg gëtt de François Mousel den neie Chef

RTL Lëtzebuerg
Hien iwwerhëlt de Poste vu Managing partner vum John Parkhouse, deem säi Mandat no 8 Joer den 1. Juli d’nächst Joer op en Enn geet.

De François Mousel hat 2005 bei PWC ugefaangen a war 2009 fir 3 Joer bei d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF gewiesselt, iert en nees zeréck bei PWC gaangen ass.

PWC ass dem Statec no mat ronn 3.000 Employéen de 9.-gréissten Employeur an domadder och déi gréisst Auditfirma hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO