
Dëst muss bis Januar d'nächst Joer geschitt sinn.
Well wéinst de Corona-Mesuren a verschiddene Fäll déi potentiell Piechter e Virrecht haten, fir an de Sall ze goen, kréien an Zukunft d'Proprietäre vun de Juegdterrainen iwwer MyGuichet d'Informatioun, wéi vill si fir hir Terrainen u Pachtgeld zegutt hunn.
De Proprietär kritt neierdéngs dann och um MyGuichet de Kontakt vum Secretaire-Keessier vun deem Lous wou Hien bejobar Prioritéiten huet, ugewisen - hei gëllt et sech ze mellen, fir datt d'Pachtgeld och ausbezuelt gëtt.
Bei de Generalversammlungen, déi alleguer dëst Joer vun de Juegdsyndikater ofgehalen goufen, behält den Ëmweltministère zeréck, datt et bei ronn enger Dose Lousen net méiglech war, e Comité op d'Been ze setzen. Dës Lousen hunn entweder just ee Proprietär (am Minette) oder sinn net bejobar (Findel, Stater Gemeng).
An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen preziséiert d'Ministesch Carole Dieschbourg, datt et net verbueden ass, datt Gemengen selwer Juegdlousen pachten an dës dann un privat Jeeër weiderginn. D'Gemeng kéint eegestänneg decidéieren, wéi hiert Lous geréiert gëtt.